top of page
Boxenstopp-Aktion
Calendar S12.png

Aktuell Saison

Saison 13 an der LFR start den 02.02.2026

Wee si mir?

Mir sinn eng lëtzebuergesch F1-Liga an ee Club mat klorem Zil, dat bescht méiglechst a kompetitiivt F1-Sim-Racing zu Lëtzebuerg unzebidden.

Eis Struktur besteet aus dräi Lige mat engem Op- an Ofstichsystem, fir fair Konkurrenz an nohalteg Leeschtung ze garantéieren.
Nei Fuerer starten an der Liga 3, wou si d’Méiglechkeet hunn, sech sportlech a fair um Circuit ze beweisen a sech no uewen ze schaffen.

Wat sinn d’Viraussetzungen?

Fir Deel vun der LFR ze ginn, gëllen dës Konditiounen:

  • Mindestalter: 16 Joer

  • Besëtz vum F1-Spill

  • Plattform-onofhängeg, mir fuere mat Crossplay

  • Absolvéiere vun der LFR Academy

Intresséiert?

Wanns du Loscht hues, Deel vun enger strukturéierter, kompetitiver a fairer F1-Liga ze ginn, da mell dech bei eis.

 

bottom of page